Mir, d'Mêmberën vun der weltwäiter Beweegung fir d'Verbreedung vum Esperanto, riichten dëse Manifest un alleguerte Regiirungen, international Organisatiounen, a Mënschen vu guddem Wëllen, deeklaréieren eise feste Wellen, fir weider fir déi Ziler ze schaffen, déi hei ausgedréckt gin, a luede jiddereng eenzel Organisatioun a jiddereen eenzelne Mënsch an, séch eisem Bestriewen unzeschléissen.
1887 als en Entworf fir eng Hëllefssprooch fir d'international Kommunikatioun lancéiert, huet séch d'Esperanto séier zu enger lieweger an nuanceräicher Sprooch entwéckelt an erfëllt schons zanter méi ewéi engem Jorhonnert d'Fonktioun, Mënschen iwwert all sproochléch a kulturell Barrièren eweg matenaner ze verbannen. Andärbaants hun d'Ziler vu sénge Spriecher nët u Wichtegkeet an Aktualitéit verluer. Weder de weltwäite Gebräuch vun e puer nationale Sproochen, nach d' Fortschrëtter vun der Kommunikatiounstechnik, nach d'Entdeckung vun neien Methode vum Sproochënnerriicht wäerte wouerschéngerléch déijéineg Prinziper verwierkléchen, déi mir als wiesentléch fir eng gerecht an effikass Sproochenuerdnung ugesinn.
Demokratie E Sisteem vun der Kommunikatioun, deen e Liewe laang gewësse Mënschen privilegiéiert, mee vun anere verlanngt, datt se Joren un Ustrengungen investeiéren, fir e méi héigen Sproochniwwo ze erreechen, ass grondsätzléch ondemokratësch. Obwuel d'Esperanto, wéi jiddfereng Sprooch, nët perfekt ass, sou ass et dach jiddferenger Alternativ an der Sfär vun enger egalitärer weltwäiter Kommunikatoun iwwerleën.
Mir affirrméieren dat sproochléch Ongläichheet kommunikativ Ongläichheet op jiddferengem Niwwo no séch zitt, dën internationale mat abegraff. Mir sin eng Beweegung fir demokratësch Kommunikatioun.
Transnational Edukatioun Jiddfereng ethnësch Sprooch as mat enger bestëmmter Kultur an Natioun bzw. Grupp vun Natiounen verbonnen. Zum Beispill léiert e Schüler, deen Englësch studéiert, eppes iwwert d'Kultur, Geografie an d'Politik vun den englëschsproochege Länner, virun allem de Vereenegte Staaten a Grossbritannien. De Schüler, deen Esperanto léiert, get dogéint eppes iwwer eng Welt ouni Grenzen gewuer, an däer séch jiddferee Land als Heemécht presentéiert.
Mir affirméieren, datt d'Edukatioun an irgendenger ethnëscher Sprooch un eng bestëmmten Weltusiicht gebonnen ass. Mir sin eng Beweegung fir eng transnational Edukatioun.
Pedagogësch Effikassitéit Nëmmen e klenge Prozentsaz vun deenen, déi eng friem Sprooch léieren, meeschterën se. Esperanto kann ee esouguer da komplett beherrschen, wann een ët fir séch selwer léiert. Verschidde Studie berichten iwwer propedeutësch Effetën fir d'Erléieren vun anere Sproochen. D'Esperanto gët och als en zentrale Bestanddeel a Coursën, déi d'Sproochebewosstsin bei Schüler favoriséiere sollen, rekommandéiert.
Mir affirméieren, datt d'Schwiiregkeet vun ethnësche Sproochen emmer en Hënnernës fir vill Schüler wäert duerstellen, ofwuel duvunner profitéiere giffen, eng zweet Sprooch ze kënnen. Mir sin eng Beweegung fir ën effikasse Sproochenënnerriicht.
Méisproochegkeet D'Esperantogemeinschaft as eng vun deene wéinege weltwäite Sproochkommunautéiten, däeren hir Spriecher ouni Ekzeptioun zwee- oder méisproocheg sin. Jiddferee M%ember vun der Kommunautéit huet d'Aufgab op séch geholl, wéngstens eng friem Sprooch bis zu deem Niwwo ze léieren, wou en et flëissend schwätze kann. A ville Fäll féiert dat zu engem Wëssen iwwer an zu enger Léift fir weider Sproochen an allgemeng zu engem gréissere perséinléchen Horizont.
Mir affirméieren, datt d'Spriecher vun alle Sproochen, grousser a klenger, eng reell Chance mussen hun, séch eng zweet Sprooch bis zu engem héigen kommunikativen Niwwo unzëegnen. Mir sin erzg Beweegung, déi dofir antrëtt, datt dëi Chance, offréiert gët.
Sproochléch Rechter D'ongläich Machtverdeelung, tëscht de Sproochen ass e Rezept fir eng konstant sproochléch Onsécherheet, oder direkt sproochléch Ënnerdréckung, bei enger grousser Partie vun der Weltpopulatioun. An der Esperantogemeinschaft kommen d'Mêmbëren vu klengen a groussen, offiziellen an nëtoffizielle Sproochen op engem neutralen Terrain zesummen, wat engem géigesäitege Wëllen zum Kompromëss ze verdanken ass. Esou e Gläichgewiicht tëscht sproochléche Rechter a Fliichten liwwert en Ulass, fir aner Léisungen vun der sproochlécher Ongläichheet an de sproochléche Konflikter ze entwéckelen an ze bewäerten.
Mir affirmeiéren, datt déi grouss Machtënnerscheeder tëscht de Sproochen d'Garantien vun der Gläichbehandlung vun de Mëschen onofängeg vun hirer Sprooch, sou wéi se an esou villen internationalen Dokumenter ausgedréckt si gin, ennerhielegen.
Sproochléch Diversitéit Déi national Regiirungen tendéieren dozou, déi grouss Diversitéit vun de Sproochen an der Welt als eng Barrière fir d'Kommunikatioun an d'Entwécklung unzegesin. Fir d'Esperantogemeinschaft awer ass d'sproochléch Diversitéit eng permanent an onverzichtbar Quell vu Räichtum. Folgléch ass jiddfereng Sprooch, wéi jiddfereng Zort vu Liewewiesen, e Wäert u séch a wiirdeg, protegéiert an ënnerstëtzt ze gin.
Mir affirméieren, datt d'Politik vun der Kommunikatioun an der Entwécklung d'Majoritéit vun de Sproochen an der Welt zum Ausstierwe veruurteelt, wann se nët op dem Respekt virun, an der ënnerstëtzung vun, alle Sproochen gegrënnt ass. Mir sin eng Beweegung fir sproochléch Diversitéit.
Mënschléch Emanzipatioun Jiddfereng Sprooch befreit séng Spriecher an hält se gefangen, andeem se hinnen d'Fähegkeet gët, ënnert séch ze kommunizéieren, awer d'Kommunikatioun mat anere verspäert. Geplangt als en universellt Kommunikatiounsmëttel, as d'Esperanto ee vun deene grousse Projetën vun der mënschlécher Emanzipatioun, déi fonktionéieren — e Projet, jiddferengem Mënsch ët ze erméigléchen, als Individuum un der Gemeinschaft vun der Mënschheet deelzehuelen — fest verwuerzelt a sénger lokaler kultureller a sproochlécher Identitéit, mee nët vun hir ageschränkt.
Mir affirméieren, datt dën ausschliissléche Gebräuch vun nationale Sproochen onweigerléch Barrièren géint d'Fräiheete vun der Meenungsäusserung, der Kommunikatioun an der Verrsammlung opriicht. Mir sin eng Beweegung fir d'mënschléch Emauzipatioun.